ABBL

Bankevereenegung warnt viru Rezessioun – 2025 war awer positiv fir de Bankesecteur

D'Bankeplaz zu Lëtzebuerg ass zejoert zolitt a profitabel bliwwen, mee d'Banke stéingen elo virun engem méi schwieregem Ëmfeld. Dee Fazit zitt d‘Banken-Associatioun ABBL an hirem Joresrapport 2025. De President Yves Stein huet gewarnt, datt d'Banken de Krich am Noen Osten ze spiere wäerte kréien.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

D'Vertrieder vun der ABBL | © Pierre Reyland play_arrow
D'Vertrieder vun der ABBL (Foto: Pierre Reyland)

Wéinst dem Krich am Noen Oste wieren d‘Ausiichten dëst Joer awer vill manner gutt, esou den Yves Stein.

"Wann de Krich esou weider geet an d'Präisser weider klammen, dann hu mir eng Rezensioun." 

Keng esou gutt Aussichte fir 2026

Dat wier net déi éischt Rezensioun, déi een erliewe géif, esou den Yves Stein. 

“Mee dat mécht, datt sécherlech d'Resultater (vun de Banke) wäerten erofgoen, well d'Revenue verschwannen, well de Käschtepunkt vum Risiko eropgeet, a well Inflatioun eis Käschten och net erof, mee éischter erop wäert drécken.”

Dat hätt dann een direkten Impakt op d’Profitabilitéit vum Secteur, wann een an deem Zenario wier, esou de President vun der ABBL.

Wat dat lescht d‘Joer 2025 ugeet, hat den ABBL-President méi positiv Nouvellen. D‘Banke wiere profitabel, an den Emploi op der Bankeplaz stabel bliwwen, mat ronn 26.200 Salariéeën. An zënter Laangem ass och zejoert d‘Zuel vu Banken nees geklommen, an zwar ëm eng Bank, op am Ganzen 116 Banken hei am Land. 

Och schonn 2025 negativ Entwécklungen

Mee zejoert war net alles am grénge Beräich. D‘Nettoresultat vum Bankesecteur louch bei ronn 6,8 Milliarden Euro, also e Minus vu 5,4 Prozent am Verglach mam Joer virdrun, dat allerdéngs - wéi d‘ABBL betount - exzeptionell gutt war.

Bei de Banke-Kreditter zejoert ass de Bilan gemëscht: D‘Kreditter un d‘Stéit, virop d‘Immobiliekreditter, sinn, no de méi schwaache Joren, zwar nees geklommen. Mee d‘Kreditter un d‘Entreprise sinn däitlech gefall. E kloert Zeeche vun ekonomesch onsécheren Zäiten, esou d'Erklärung.

De Secteur huet keng Angscht viru KI

E Bemol fir d‘Banke war zejoert och e Réckgang vun den Zënserträg, grad ewéi méi héich Personalkäschten. Déi sinn ëm ronn 5 Prozent geklommen. Den ABBL-President Yves Stein fäert awer net, datt am Bankesecteur Personal ofgebaut an duerch Kënschtlech Intelligenz wäert ersat ginn.

"Mir fäerten d'Technologie net am Sënn vun enger Aarbechtsplazverdichtung, mir gesinn et als eng Opportunitéit."

Allerdéngs missten d‘Banke vill an déi technologesch Formatioun investéieren. An d‘Erausfuerderung, fir déi ëmmer méi spezialiséiert Employéen unzezéien, déi de Secteur haut brauch, gi méi grouss.

Och d‘Sécherheet gëtt méi deier, well d‘Banke vill investéiere mussen, fir sech an hir Clientë besser viru Frauden a Cyberattacken ze schützen.

Lauschterenplay_arrow