Commerce

D'Ouverture vu munche Commercë muer um Feierdag huet näischt mam neie Gesetz ze dinn

D’Gewerkschaften OGBL an LCGB kritiséieren an engem Communiqué, datt eng Rei Geschäfter, dorënner vill Supermarchéen, muer um Feierdag ophunn.  De Wirtschaftsministère huet op Nofro hi matgedeelt, et wieren am ganzen 28 Ufroe fir entspriechend Derogatiounen agaangen.

auto_stories

2 min

Tom Baumert | © Ana Angel
Tom Baumert (Foto: Ana Angel)

Zéng vun den 28 Derogatioune wiere spezifesch fir den 9. Mee ugefrot ginn. Bei deenen aneren 18 handelt et sech ëm Derogatioune fir dat ganzt Joer iwwer och sonndes a op engem Feierdag opzemaachen. 

Esou eng Ausnamegeneemegung kënnen esouwuel Gemengen, wéi och Union commerciallen ufroen. 

Leit wéilten och um Feierdag normal akafe goen

Datt de Feierdag op ee Samschdeg fält, hätt sécherlech een Afloss dorop, datt d'Commercen eng Ouverture interessant fannen, mengt den Tom Baumert, Direkter bei Luxembourg Confederation. 

"De Grond ass relativ einfach. Et ass ee kuerze Weekend. D'Leit wäerten hiert Akafsverhalen net op dem Samschdeg änneren, well et ee Feierdag ass. D'Betriber wëllen hire Clienten dat ubidden, op deem Dag, wou se héchstwarscheinlech ganz normal akafe ginn." 

Mam neie Gesetz zu de verlängerten Ouvertureszäiten huet et allerdéngs näischt ze dinn, datt muer um Europadag eng ganz Parti Butteker opmaachen. Dësen Text trëtt eréischt den 19. Juni a Kraaft.

Mam neie Gesetz falen d'Derogatiounen ewech

Och scho mam ale Gesetz, wat aktuell nach en Vigueur ass, hu Commercen d’Méiglechkeet eng Ufro ze stellen, fir hire Buttek op engem Feierdag bis sechs oder siwen Auer Owes opzemaachen. D'Feierdeeg géifen nämlech bis elo wéi een normale Sonndeg behandelt ginn, esou den Tom Baumert. 

"Dat heescht d'Geschäfter dierfen opmaache vu 06:00 bis 13:00 Auer mëttes a mat Derogatioun bis sechs oder siwen Auer owes." 

An der Praxis géif ee gesinn, datt vill Derogatioune géifen ugefrot ginn, esou den Tom Baumert. Dofir hätt een dat am neie Gesetz ugepasst, datt e Feierdag géif behandlet gi wéi een normale Samschdeg. 

"An do däerfen se da vu 05:00 bis 19:00 Auer opmaachen, awer ouni déi Derogatioun mussen unzefroen. Also et ass eng Simplification administrative an deem Sënn." 

Den 9. Mee gelt am Grand-Duché zënter 2019 als gesetzleche Feierdag. Lëtzebuerg ass bis elo dat eenzegt Land, wat den Europadag entspriechend feiert.

An den Nopeschlänner ass et e regulären an deemno verkafsoppenen Dag. Och dat e wichteg Argument fir d’Händler zu Lëtzebuerg, hir Dieren um Feierdag opzemaachen, mengt den Tom Baumert.