Finanzen

Iwwer 2.300 finanziell Hëllefe goufen zejoert u Lëtzebuerger Entreprisen ausbezuelt

Domat huet de Staat bal 500 Aidë méi ausbezuelt wéi nach dat Joer virdrun. D’Ausbezuelen vun dësen Aiden hätt et erlaabt, bal 1,2 Milliarden Euro un Investissementer an déi lëtzebuergesch Wirtschaft ze mobiliséieren, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles.

auto_stories

2 min

De Minister Lex Delles | © Morgane Weidig
De Minister Lex Delles (Foto: Morgane Weidig)

Déi meescht Demanden, déi accordéiert gi sinn, hunn di digital Transitioun oder d’Kreatioun vun neien Entreprise betraff. Den héchste Montant gouf awer an d’ökologesch an d’energeetesch Transitioun investéiert – an zwar am Ganzen 172 Milliounen Euro. Dat wier ee staarkt Signal, esou de Lex Delles. 

D'Aidë wieren net just ee Käschtepunkt fir de Staat, mee se géifen zu reellen Investissementer féieren.

"440 Milliounen un Aiden, déi accordéiert gi sinn, Aiden a Crédit d'impôts hu mat sech bruecht, datt 1,2 Milliarden hei zu Lëtzebuerg investéiert gi sinn. Dat weist also, dass mer Betriber hunn, déi nach investéieren." 

Et wier esou héich wéi zënter 2024 net méi, esou de Lex Delles. 

"Mir hunn also eng Croissance. Zweetens hëlleft de Staat hei den Entreprisen sech an deene verschiddene Beräicher méi resilient a méi staark opzebauen." 

Déi staark Hausse par rapport zum Joer virdru wier ënner anerem duerch nei Offeren am Beräich vum Digitalen, der Kënschtlecher Intelligenz an der Cybersecurity ze erklären, awer och duerch d’Aide à la Primo-Création fir nei Entreprisen.

Eng Entreprenesch déi vun dëser Prime profitéiert huet, ass d’Sandy Mores vum Bestattungsinstitut Maison eTerna vu Stengefort. Si ass eigentlech Juristin an ass als Quereinsteigerin an dësen Domaine komm. Zënter Oktober féiert si hir eegen Entreprise mat zwee Mataarbechter.

Préfinanzement vu Photovoltaikanlage kënnt och gutt un 

D’Sandy Mores huet sämtlech Konditiounen erfëllt, fir vun der Aide Primo-création ze profitéieren a gëtt domat iwwer sechs Méint mat engem Betrag vun 2.000 Euro pro Mount ënnerstëtzt.

Dat wier also eng grouss Hëllef. 

"Éischtens well mer an deem Domän, wou mer hei sinn, net esou deen typesche Betrib vläicht sinn, deen, wou vu Generatioun op Generatioun iwwergi ginn ass. An dat ass eebe bei eis net de Fall gewiescht. Dat heescht, mir si guer net esou bekannt." 

Gutt ugeholl ginn och déi nei Aidë fir de Préfinanzement vu Photovoltaikanlagen, esou nach de Lex Delles. Installateuren, déi am entspriechende Register vum Ministère agedroe sinn, kënnen d’Aiden esou direkt am Numm vun hire Privatclienten areechen.

Dësen Dispositiv soll et de Bierger:inne méi einfach maachen, a Photovoltaikanlagen ze investéieren, dëst ouni de ganze Montant musse virzestrecken, esou de Wirtschaftsminister. Fir de Registre des installateurs wiere bis ewell 240 Demanden agaangen a parallel dozou 279 Demanden, fir Photovoltaikanlagen ze installéieren.