Néierlag viru Geriicht fir den Donald Trump: US-Importtaxe verstousse géint Gesetz
Ee Geriicht fir internationalen Handel zu New York ass zur Konklusioun komm, datt déi temporär Taxe fir Importatiounen aus der ganzer Welt net legal sinn. Mat deenen 10 Prozent Douanestaxen hätt den Donald Trump iwwerdeems seng Kompetenzen iwwerschratt an d'Handelsgesetz falsch interpretéiert.
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)
Déi Taxen, déi bis elo un d'USA bezuelt goufen, misst zeréckbezuelt ginn, esou d'Geriicht.
Gëschter Owend nach hat den US-President der EU mat engem Zollsträit gedreet. Sollt d'EU hiren Deel vum Accord net ëmsetzen, missten d'Taxen op ee vill méi héijen Niveau klammen, esou den Donald Trump op Truth Social.
D'USA wiere bis ewell gedëlleg gewiescht, mee d'EU hätt sech un näischt gehalen, esou den US-President.