Bis 2030 misste 1.600 Studentewunnenge gebaut ginn, amplaz vu geplangten 1.070, verlaangt d'ACEL.
Manktem u Studentewunnengen zu Lëtzebuerg bleift grouss
D’ACEL hat am September zejoert eng Ëmfro bei ronn 430 Studenten a Studentinne gemaach: Déi meescht dovun hei zu Lëtzebuerg.
Méi wéi d‘Hallschent vun hinnen, ronn 56 Prozent, soten, et wier schwéier eng Studentewunneng zu Lëtzebuerg ze kréien.
Bei Net-EU-Studentinnen a -Studente louch den Undeel v un deenen, déi soten, si hätte Problem eng Wunneng hei am Land ze fannen, bei bal 70 Prozent.
ACEL: Verbesserungen och am ëffentlechen Transport néideg
Wat den ëffentlechen Transport ugeet soten iwwer d‘Hallschent vun de Befroten, datt den Trajet ze laang géif daueren: Dat wéinst Verspéidungen, Ausfäll, schlechten Uschlëss a vill Ëmklammen.
D‘ACEL fuerdert, datt d‘Haaptachse fir Studententrajeten, z.B. tëschent dem Kierchbierg a Belval, systematesch mat der uni.lu, dem Mobilitéitsministere an den Operateure missten evaluéiert ginn.