Et hätt ee Kontakt opgeholl mat den Alliéierten, Partner an Noper. Hei wier een an Europa an enger neier Situatioun. Haaptzil wier et Schued vum Land wechzehalen. D'Situatioun géif een och aus dem Ausland kennen. Keng Ursaach fir ze panikéieren, mee d'Situatioun eescht huelen, esou dem Premier säin Tenor.
Sécherheetsorganer wäerten och de Mëtteg kucken, wat ee géif maachen.
Aus Sécherheetsgrënn, kéint een net méi Detailer ginn. Eng Vertraulechkeet misst een hale bis ee méi wéisst, an da géif een och kommunizéieren, esou nach de Premier. Ob Russland eppes mat der Saach ze dinn hätt, kéint een den Ament och nach net soen.
Konnt keng Dron erofgeholl ginn
Et konnt och keng Dron erofgeholl ginn, sot den Inneminister Léon Gloden. Och ob déi bewaffnet gewiescht wieren kéint een à ce stade net soen, esou den CSV-Inneminister.