Dronen iwwer Lëtzebuerg

Neien Drone-Virfall: Flughafen um Findel fir eng knapp Stonn gespaart

Um Lëtzebuerger Flughafe goufe gëschter Owend nees Drone gesinn. De Fluchtrafick um Findel gouf dowéinst nees fir ronn eng Stonn laang gestoppt. Dat huet de Bedreiwer lux-Airport gëschter Owend matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Wéi et heescht goufen d‘Fluch-Operatioune géint 21:38 Auer gëschter Owend suspendéiert: Virdru waren Dronen an der direkter Ëmgéigend vum Flughafe gesi ginn.

Eng knapp Stonn méi spéit, um 22:30 Auee, huet de Flughafen de Betrib nees komplett opgeholl. Weider Informatiounen iwwer dësen neie Virfall mat Drone ginn et den Ament net.

Findel hat schonn e Freideg mussen zougemaach ginn

De leschte Freideg war de Fluchbetrib um Findel scho wéinst Dronen temporär gespaart ginn, an 19 Flich waren ëmgeleet ginn. D‘Dronen-Evaluatiouns-Cellule koum an Tëschenzäit e puer Mol zesummen. Duerno gouf matgedeelt, datt Lëtzebuerg d‘Mëttel verstäerkt hätt, fir Dronen ze detektéieren an de Loftraum ze iwwerwaachen.

Weider Informatiounen iwwer déi Drone-Virfäll goufen d‘Regierung an d‘Autoritéite bis elo net – si kéinten aus Sécherheetsgrënn kéng Detailer ginn, huet et geheescht.

D‘Dronen-Evaluatiouns-Cellule hat gëschter Mëtteg no enger weiderer Sëtzung nach matgedeelt, et géif keng nei Informatioune ginn, an de Public géif direkt informéiert ginn, wann et eng pertinent Entwécklung géif ginn.