De Prozess um Verwaltungsgeriicht soll Mëtt Dezember lassgoen. D'Biergerinitiativ BIGS vu Suessem hat am Abrëll ee Recours géint de Bau vum Käerjenger Contournement virum Verwaltungsgeriicht agereecht, fir ze verhënneren, datt ee wichtegen Deel vum Bobësch a vum Zämerbësch géifen zerstéiert ginn.
Bauaarbechte sollen am Hierscht ufänken
Sollt de Käerjenger Contournement gebaut ginn da géifen direkt 3,57 Hektar u wäertvollem Bësch zerstéiert ginn, hat d'Biergerinitiativ am Abrëll op enger Pressekonferenz erkläert. Am Ganze wieren 21 Hektar betraff, woubäi een Deel dovunner an enger Zon Natura 2000 läit. Eng EU-Direktiv gesäit vir, datt esou Bëscher nëmmen an extreeme Fäll zerstéiert kënne ginn, hat deemools den Affekot vu BIGS, de Frank Wies erkläert.
BIGS gehäit dem fréiere Buergermeeschter Michel Wolter vir, datt seng Argumenter, fir de Contournement ze bauen, op falsche Fakte géife baséieren. Déi Géigend bréicht guer kee Contournement, hätt eng rezent Etüd gewisen.
Elo fuerdert d'Initiativ, datt d'Urteel vum Geriicht muss ofgewaard ginn ier mat den Aarbechte kann ugefaange ginn. Si geheien dem Bauteministère a Ponts&Chaussées vir, domat nämlech ee Fait accompli ze schafen.