Police Tréier

Illegaalt Tuning-Treffen zu Wittlich mat 300 bis 400 Autoen – Och Lëtzebuerger dobäi

No engem net ugemellten Tuning-Treffen zu Wittlich a Rheinland-Pfalz ginn et nei Informatioune vun der däitscher Police: D’Treffen an der Nuecht vun ee Samschdeg op ee Sonndeg soll “konspirativ” geplangt gi sinn.

auto_stories

1 min

© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Beim illegalen Tuning-Treffen um Terrain vun enger Firma zu Wittlich sollen 300 bis 400 Autoen dobäi gewiescht sinn, an eng 1.000 Persounen, esou d’Police vun Tréier. 

D’Gefierer an d’Leit sollen aus Däitschland, Frankräich, der Belsch, Holland an aus Lëtzebuerg komm sinn. D'Police vun Tréier huet festgestallt:

„Ein solches Treffen gab es in dieser Intensität in der Region bisher nicht.“

D'Police gouf vu Vermummten ugegraff

Wéi d’Police op d’Plaz koum, wier si direkt vu vermummte Persoune massiv menacéiert an attackéiert ginn. Et wier Pyrotechnik agesat ginn an e Policegefier wier duerch Trëtt beschiedegt ginn. D’Police hätt sech mussen zeréckzéien.

Et hätt just ronn 70 Persounen a 50 Autoe kënne kontrolléiert ginn: Dräi Autoe wiere séchergestallt ginn.

D’Police géif elo länneriwwergräifend enquêtéieren.

Och zu Lëtzebuerg goufen et Kontrollen

De ganze Weekend iwwer huet d'Police zu Lëtzebuerg Verkéierskontrolle wéinst getunten Autoen duerchgefouert, nodeems déi däitsch Police si gewarnt hat.

Dobäi goufe Verstéiss wéinst onerlaabte Verännerungen un den Autoen a geféierlecht oder ze séiert Fuere festgestallt.