Virum Méie vun de Felder iwwerfléien d'Benevolle mat Dronen d'Wisen, fir Réikitzen opzespieren an temporär a Sécherheet ze bréngen. De Projet gëtt finanziell vum Landwirtschaftsministère ënnerstëtzt.
Vun enger klenger Initiativ zu enger landeswäiter Associatioun
Am Fréijoer 2020 gouf “Sauvons Bambi” gegrënnt. Wat deemools kleng ugefaangen hat, huet sech séier weiderentwéckelt, esou de Jacques Schroeder, President vun der Associatioun.
"D'abord en achetant notre propre matériel. En s'investissant sans compter. Afin d'essayer, en toute modestie à l'époque, de sauver le plus d'animaux possible. Puis, en partageant notre passion avec d'autres, et devenir ce que 'Sauvons Bambi Luxembourg' est devenue aujourd'hui: une association connue et reconnue pour son utilité."
Mëttlerweil ass “Sauvons Bambi” am ganze Land aktiv. Mat der Ënnerstëtzung vu 17 Gemengen, déi Dronen an Equipement finanzéieren, kënnen déi benevole Piloten och ausserhalb vun dëse Gemengen Asätz iwwerhuelen. Fir d'Associatioun ass dat eng wichteg Hëllef, well si selwer nëmme vu Spende lieft.
Formatioun fir Dronepiloten
Zënter dësem Joer schafft "Sauvons Bambi" och mam Centre national de formation professionnelle continue (CNFPC) zesummen. Do kréien déi Benevole eng Basisformatioun fir Dronen ze fléien, déi duerch spezialiséiert Formatioune vun der Associatioun ergänzt gëtt, erkläert de Christophe Struck vum CNFPC.
"Déi zwou Formatiounen ergänze sech a bauen openeen op."
14 Dronepilote krute vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hiren Diplom iwwerreecht. Fir si ass et wichteg ze betounen, datt d'Rettungsaktiounen nëmme geléngen, wann d'Baueren hir Fläche fréi genuch umellen.
"Et ass am Interessi vu jiddwerengem, datt d'Fläche mat Zäit ugemellt ginn."
Am Hierscht géife sech alleguer d’Acteuren nach eng Kéier zesummesetze fir de Bilan ze zéien an ze kucken, wou ee fir déi nächst Saison nach Saachen optiméiere misst, esou nach d’CSV-Ministesch Martine Hansen.
Méi Benevolle gesicht
Mam Resultat vun dësem Joer weist sech de President vun der Associatioun Jacques Schroeder zefridden. Hie betount awer, datt nach vill méi Déiere kéinte gerett ginn, wann et méi Ënnerstëtzung géif ginn.
“Bien sûr, ces résultats pourraient être beaucoup plus élevés si nous étions sollicités par encore plus de bénéficiaires. Mais aussi, bien sûr, si nous pouvions augmenter notre capacité d'intervention en augmentant la taille de nos équipes d'intervention, d'où la nécessité vitale d'intéresser encore et de recruter plus de bénévoles.”
Den Ament zielt d'Associatioun 14 Dronepiloten, déi all benevole schaffen.