Wärend dem leschte knappe Joer konnt Israel Obligatioune mat engem Lëtzebuerger Prospekt opleeën. D’Obligatiounen, déi schonn eraus gi goufen, géifen awer weiderlafen, esou de Franz Fayot.
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hat jo gëschter bei RTL ugekënnegt, datt "den israeelesche Staatsemprunt den 31. August wäert auslafen", an en net wäert verlängert ginn. Den CSSF-Generaldirekter Claude Marx huet de Moien - och bei RTL - confirméiert, datt d’Iwwerwaachungskommissioun scho virun zwee Méint decidéiert hätt, de Verkaf vun israeelesche Staatsobligatiounen net iwwer Enn August eraus ze verlängeren.
"Keng weider Finanzéierung méi vum israeelesche Genozid"
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot begréisst dat ausdrécklech.
"Et ass gutt, dass mir elo net méi weider déi Staatsanleihe vun Israel bei eis opleeën, an et esou erméiglechen, datt Israel sech do weider finanzéiert fir hiren onsägleche Krich an hire Genozid vis-à-vis vun de Palästinenser, an hir Kolonialiséierungspolitik."
Fir de Franz Fayot koum d'Annonce awer net immens iwwerraschend.
"Et war souwisou kloer, datt dat ënner der Prospektreglementatioun just eemol méiglech war, fir dat zu Lëtzebuerg ze maachen, well Irland ëmmer nach de sougenannten Home member state war fir Israel, an datt dat iergendwann eng Kéier géif zeréck an Irland goen."
Der Meenung vum Franz Fayot no soll awer keen europäescht Land Obligatioune vun engem Staat wéi Israel eng Heemecht ginn, well Israel ënner anerem och géint d’Vëlkerrecht géif verstoussen a Krichsverbrieche géif maachen.
Israel Bonds wiere schiedlech fir Lëtzebuerger Finanzplaz gewiescht
D’Roll vu Lëtzebuerg an de leschte ronn 11 Méint bei de sougenannten Israel Bonds hätt fir Schued fir de Finanzstanduert Standuert gesuergt a fir negativ Schlagzeilen, esou d’Aschätzung vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot:
"D'ganz Welt kuckt op dee Konflikt, op déi ethnesch Rengegung, déi do stattfënnt a Gaza, an den Territoires occupés, och elo am Libanon, Israel hir wierklech onsäglech Aggressiounen an der ganzer Regioun, a besonnesch natierlech géint d'Palästinenser, déi Diskriminatioun, wierklech dat Botze vun de Palästinenser. A wann een dann natierlech dat facilitéiert iwwer esou eng Emissioun vun Obligatiounen, déi dann iwwer Finanzplaz wéi Lëtzebuerg geschitt, da kann dat net positiv sinn."
D’Roll vu Lëtzebuerg bei de sougenannten Israel Bonds wier also och schiedlech fir de Ruff vum Land gewiescht, esou d’Aschätzung vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot.