Universitéit

DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin wëllt méi Stabilitéit op der uni.lu

An der Immigratiounsaffär gouf beim Héichschoulministère keen inculpéiert, och wann et de 7. Juli eng Perquisitioun ginn hätt, esou d'DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin am 100,7-Interview. Dëst war awer net déi éischt Perquisitioun beim Héichschoulministère.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Stéphanie Obertin | © Semir Demic play_arrow
Stéphanie Obertin (Foto: Semir Demic)

Besonnesch mat gefälschten Dokumenter an Diplomer hätt een um Héichschoulministère dacks ze dinn.

“Engersäits Diplomer, mee awer och Iwwersetzungen oder och Dokumenter, déi d'Studente mussen erareechen, fir d’Aide-financièren ze kréien, déi dann oft mat Delaie verbonne sinn an da kuerzfristeg, well d'Dokumenter eigentlech feelen, heiansdo dann do Dokumenter vläicht e bësse modifizéiert ginn.”

Esoubal een e Verdacht op esou eppes hätt, géif dann och de Parquet ageschalt ginn, esou nach d’DP-Héichschoulministesch.

Keen zweet Mandat vum Unirekter – Ministesch wéilt Stabilitéit fir uni.lu

Dräi Deeg no de Perquisitiounen am Kader vun der Immigratiounsaffär huet de Rekter vun der uni.lu, de Jens Kreisel, offiziell annoncéiert, datt hie keen zweet Mandat géif ustriewen an domat no 2027 säi Poste géif verloossen. D’Stéphanie Obertin wosst dat am Viraus schonn an trotzdeem war si e bëssen iwwerrascht vun där Decisioun.

“Et ass ëmmer eng Iwwerraschung, well et ass, wann ee keng zwee Mandater mécht, an d'Uni bräicht am Fong och eng Kéier déi Stabilitéit, e Rekter och emol iwwer zwee Mandater ze halen, fir einfach och Rou ze bréngen an eng Stabilitéit. Dofir fannen ech et ëmmer schued, wann esou eng Decisioun geholl gëtt.”

Trotzdeem géif d’DP-Ministesch dem Jens Kreisel seng Decisioun respektéieren, déi dee “sécherlech och mat vill Reflexioun” fir sech selwer geholl hätt.

Ob dem Jens Kreisel säin Ophalen och d’Chance op en Neiufank bei der uni.lu no deenen turbulente Méint - mat ënner anerem Mobbingvirwërf géint Virgesetzten – wier, fënnt d’Stéphanie Obertin net onbedéngt.

“Et sinn eng ganz Rei Saachen, déi an Ugrëff geholl gi sinn, fir ze probéieren déi Virwërf ze reegelen an ze kucken, wéi een déi an der Zukunft kann evitéieren. Ob dat elo mat Personalwiessel muss ëmmer ze dinn hunn, do sinn ech net iwwerzeegt.”

D’Decisioun wien nächsten Unirekter gëtt läit souwisou net an den Hänn vun der Héichschoulministesch. Dat decidéiert nämlech de Conseil de gouvernance vun der uni.lu.

De Once-and-Only-Prinzip soll kommen, och wann de Staatsrot genuch auszesetzen hat

Nieft hirer Funktioun als Héichschoulministesch ass d’Stéphanie Obertin och Ministesch fir Digitaliséierung. An deem Kader huet si e Gesetzesprojet agereecht, deen allerdéngs fir de Staatsrot ze lückenhaft war.

Dobäi goung et ëm de Once-and-Only-Prinzip: D'Iddi dohannert ass déi, datt een net bei all Demarche beim Staat ëmmer nees déi selwecht Donnéeë muss uginn, mee datt déi tëschent den Administratiounen ausgetosch ginn.

De Staatsrot hat geschriwwen de Projet hätt Lacunnen, wier onprezis an d’Auteure missten nach eng Kéier driwwer kucken, e komplettéieren an d’Kohärenz stäerken.

D’DP-Ministesch Stéphanie Obertin léisst sech vun deem Urteel awer net komplett ofschrecken.

“Ech sinn emol jiddefalls ganz frou, datt mir den Avis kritt hunn. Ech mengen doropper kënne mir elo weiderschaffen. Mir haten elo ganz laang drop gewaart. Et ass elo mol wichteg, datt den Avis do ass. A mir huelen all Kritik an all Remarken, déi de Staatsrot do opwerft, ganz eescht. An de Projet bleift ons extreem wichteg.”

Si an hire Ministère géifen och alles drusetzen, datt dëst Gesetz bannent dëser Legislaturperiod nach géif duerchgoen, esou nach d’Stéphanie Obertin.

 

Lauschterenplay_arrow