Mobilitéit

Tramsstreck um Kierchbierg vun den Owend u fir dräi Wochen ënnerbrach

Wéinst Bauaarbechten un der zweeter Tramslinn um Kierchbierg mussen d'Passagéier tëschent den Arrête "Rout Bréck-Pafendall" a "Philharmonie-Mudam" 450 Meter zu Fouss goen.

auto_stories

1 min

Tram | © picture alliance / Harald Tittel / dpa
Tram (Foto: picture alliance / Harald Tittel / dpa)

Wéinst de Bauaarbechten un der zweeter Tramslinn um Kierchbierg gëtt vun haut un e kléngt Stéck vum aktuellen Tramstracé um Kierchbierg wärend bal dräi Wochen ënnerbrach. Betraff sinn eng 450 Meter tëschent den Arrête “Rout Bréck-Pafendall“ a “Philharmonie-Mudam“, esou Luxtram.

D‘Passagéier missten deemno do aus dem Tram erausklammen an déi 450 Meter bis zum nächstem Arrêt zu Fouss goen. Dës temporär Ënnerbriechung dauert vun den Owend 9 Auer u bis de Sonndeg, den 9. August inclus.