Zënter dem Lancement vun der Agence Luxembourgeoise pour l'Intégrité dans le Sport (ALIS) si 16 Signalementer vu méiglecher Gewalt oder Mëssbrauch am Sport gemaach ginn. Dat geet aus enger Äntwert vun der Gläichstellungsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement ervir.
Beim Centre national pour victimes de violences (CNVV) wier bis elo dogéint nach kee Fall vu Gewalt am Sport gemellt ginn.
Regierung gesäit Komplementaritéit
D'Regierung gesäit keen "Double emploi" tëschent den zwou Strukturen. Den CNVV wier déi national Ulafstell fir all Affer vu Gewalt, wärend d'ALIS op de Sportssecteur spezialiséiert wier.
CNVV mat Honnerte Mol kontaktéiert
An den éischten zwielef Méint no der Ouverture gouf den CNVV iwwer 426 Affer kontaktéiert. Zënter der Aféierung vum 24-Stonne-Betrib den 1. Mee 2026 sinn d'Zuele weider geklommen. Eleng am Mount Mee hu sech 133 Leit un den CNVV adresséiert an am Juni 115. Dat sinn tëschent 3 bis 4 Affer den Dag.