Indexéierung vun de Léin

STATEC-Direkter Tom Haas: Indextranche dierft dëse Mount erfalen

Eng nächst Indextranche dierft am Laf vum Mee erfalen, an am Juni 2026 applizéiert ginn. Dat sot den Tom Haas, den Direkter vum STATEC, um Mëttwoch op RTL Radio.

auto_stories

1 min

© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Wéinst dem Krich am Noen Oste wier et den Ament awer schwéier Previsiounen ze maachen, well d‘Situatioun sech all Dag ännere kéint, besonnesch wat de Blockage vun de Schëffstransporter duerch den Hormus-Mierspassage ugeet.

De STATEC-Direkter wollt sech am RTL-Interview dowéinst och net zu enger Previsioun festleeën, ob a wéini dëst Joer eventuell nach eng zweet Indextranche kéint erfalen.