Chambre de Commerce

Handelskammer net zefridde mat Pläng fir d’Steierreform

D‘Chambre de Commerce warnt virun de Risike vun enger ze generéiser Steierreform.

auto_stories

1 min

D'Chambre de Commerce um Kierchbierg | © picture alliance / Joko | Joko
D'Chambre de Commerce um Kierchbierg (Foto: picture alliance / Joko | Joko)

An hirem Avis begréisst si zwar d‘Aféiere vun enger Steierklass, déi besonnesch jonk Talenter géif entlaaschten.

Op där anerer Säit géif d‘Individualiséierung vun der Besteierung deem awer entgéint lafen, esou d’Handelskammer.

Suerge wéinst Käschte vun der ugekënnegter Reform

Trotz der laanger Iwwergansgphas kéinte besonnesch Frontaliere schlecht ewechkommen.

Och de Käschtepunkt vun der Reform mécht der Chambre de Commerce Suergen, besonnesch an Zäiten, an deenen d‘Finanzsituatioun vum Staat ënner Drock wier. 

D‘Chambre de Commerce hätt gären eng méi cibléiert a virsiichteg Approche bei der Steierreform.