Weider Confirmatiounen an der Ried zur Lag vun der Natioun waren ënner anerem, datt Privatpersounen de Bau vu Wunnraum direkt kënnen ënnerstëtzen. Dofir soll een “housing bond” kommen, also een ëffentlechen Emprunt mat engem “interessante Rendement”, esou de Regierungschef.
Wéi héich dësen Emprunt soll sinn, gouf haut net gesot. De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hat esou een Emprunt an Héicht vu bis zu 250 Milliounen Euro schonn am Mäerz am Parlament an Aussiicht gestallt.
Steierreform soll kommen
De Luc Frieden huet de Mëtteg och confirméiert, datt et vun 2028 u just nach eng eenzeg Steierklass soll ginn. De Finanzminister géif e “breede Konsens” fir dës Steierreform sichen, an e géif eng laang Iwwergangsperiod vu 25 Joer proposéieren, fir déi Leit, déi dat wëllen, esou de Premier um Krautmaart. De Prmier huet déi Reform mat hirem Käschtepunkt vu ronn enger Milliard Euro pro Joer an Zäite vun ekonomescher a finanzieller Ongewëssheet net a Fro gestallt.
Zu Mesurë wéinst de Konsequenze vum Krich am Iran huet de Luc Frieden wéi erwaart näischt Neies ugekënnegt. D'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat wäerten den zweete Juni an der nächster Tripartite-Ronn iwwer déi Mesüre verhandelen.
Méiglech Ännerunge beim ASBL-Gesetz
De Premier huet fir d’Benevollen an d’Veräiner och Vereinfachunge beim ASBL-Gesetz an Aussiicht gestallt.
"Fir hinnen dat administratiivt Liewen ze erliichteren, ass d’Regierung mat allen Acteuren am Gespréich iwwer méiglech Vereinfachunge beim ASBL-Gesetz."
Donieft huet de Luc Frieden zouginn, datt de Wunnengsmaart "net esou dréit, wéi mir eis dat virstellen". De Staat géif dofir zousätzlech 300 Milliounen Euro investéiere fir Bauprojete vu Promoteuren (VEFA-Opkafprogramm) ofzekafen. Och géifen d’Droits d’enregistrement um Réibau reduzéiert ginn. Detailer dozou huet de Staatsminister net genannt.