Ried zur Lag vun der Natioun

Appell fir Zesummenhalt virun der Tripartite: D'Suergen ee vun dem aner wouerhuelen

D’Regierung hätt d’Gewerkschaften an d’Patronat op eng Tripartite a gutt zwou Wochen agelueden, fir mateneen ze diskutéieren, wéi d’Konsequenze vum Krich am Noen Oste kënnen opgefaange ginn, esou de Regierungschef de Mëtteg an der Chamber, an der Ried zur Lag vun der Natioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre des Députés play_arrow
(Foto: Chambre des Députés)

A senger Deklaratioun vu knapp 80 Minutten op der Hallschent vun der Legislaturperiod huet de Luc Frieden ënnerstrach, datt d’Kafkraaft vun de Leit an d’Kompetitivitéit vun den Entreprisen zwou zentral Prioritéite vun der CSV-DP-Regierung wieren.

De sozialen Zesummenhalt wier dat Wäertvollst, dat een als Natioun hätt, grad an Zäite vu Krich an aneren Erausfuerderungen, esou de Premier.

Hoffnung vum Premier op en Zesummespill vun de Sozialpartner

Déi aktuell Kris an hir Effekter wäerten eis nach Méint a Jore beschäftegen, huet de Luc Frieden a senger Ried gewarnt. D’Kafkraaft vun de Leit an d’Kompetitivitéit vun den Entreprisë sollen dobäi erhale ginn, esou seng Hoffnung.

"Dat sinn zwou zentral Prioritéite vun dëser Regierung. Och wann den Index als zentraalt Element vun eisem Sozialmodell een Deel vun deenen Effeten opfänkt, an dofir och net a Fro gestallt gëtt, wëlle mir verhënneren, datt dat wat mir bis elo erreecht hunn, duerch eng Kris am Ausland zréckgedréint gëtt."

Dobäi misst all Partner Suergen a Bedenken ee vun deem anere wouerhuelen. 

"A wa jidder Säit openeen duer geet, da wäerte mir gemeinsam de Wee no vir fannen – am Interessi vum Land. Lëtzebuerg funktionéiert duerch d’Zesummespill vun eis all." 

D’Regierung wéilt d’Suergen an d’Wënsch vu béide Sozialpartner respektéieren. Gemeinsam Äntwerten a Léisunge wieren néideg.

"Mir schafen zesumme Wuesstem oder trëppelen zesummen op der Plaz, mat all senge Konsequenzen. Dat kann a muss een an enger Tripartite am Hannerkapp hunn." 

D’Verhandlungen an der Tripartite wäerten déi iwwernächst Woch, den 2. Juni ufänken. Et wier ee gemeinsamt Uleies, datt d’Wirtschaft dréint an Aarbechtsplaze schaaft, esou de Premier Luc Frieden. An enger éischter Reaktioun op d'Ried huet d'OGBL-Presidentin Nora Back kritiséiert, datt et u konkreten Akzenter fir d'Bekämpfung vun der Aarmut gefeelt hätt. 

Nieft der Tripartite stoungen och d'Sozial- an d'Logementspolitik am Fokus vun der Ried. 

Lauschterenplay_arrow