Ried zur Lag vun der Natioun

Kritik vu Gewerkschaften a MouvEco: Aarmutsbekämpfung an Ëmwelt koumen ze kuerz

Aarmut wier keen individuellen, mee ee politesche Choix, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back an enger éischter Reaktioun no der Ried vun der Lag vun der Natioun. Am Kontext vun der Aarmutsbekämpfung misst een och nees iwwer de Mindestloun schwätzen.

auto_stories

3 min

Nora Back | © Radio 100,7
Nora Back (Foto: Radio 100,7)

Ëmmerhin hätt Lëtzebuerg ee vun de gréissten Tauxe vun de “working poor” , also de schaffende Leit, déi trotzdeem un der Aarmutsgrenz liewen, esou nach d’Nora Back.

OGBL brauch Garantie fir den ëffentleche Gesondheetssystem

Zum Volet Santé hätt d’Gewerkschaftsunioun grouss Erwaardungen un dësen Etat de la nation gehat an déi wieren net erfëllt ginn, esou d’Nora Back:

"Mir si frou, datt hien dat elo erëm widderholl huet, wat en och scho gesot huet, datt dës Regierung net fir en Dekonventionnement vun der Medezinn ass an net fir eng Zwouklassemedezinn ass, mee méi ass jo net gesot ginn, wéi deen ee Saz."

Do géif si sech froen, wéi een dat ëmsetze wéilt. 

"Mir wiere frou, wann dat Theema vum Dësch wier, well déi liberal Dokterschaft huet vill versprach kritt an déi kréien elo den Hals net voll genuch, a mir wëllen awer, datt mir Garantien hu fir den Erhalt vun eisem staarken ëffentleche Gesondheetssystem. Dat geet eis elo net duer mat deem enge Saz."

Et bräicht eng nei Konventioun tëschent den Dokteren an der CNS, soss géif ee riskéieren d’Dier zu enger Zwee-Klasse-Medezin opzemaachen, esou nach d’Gewerkschaftspresidentin.

Lauschterenplay_arrow

Mouvement écologique extrem enttäuscht 

De Volet vun der Ëmwelt wier dës Kéier immes kuerz komm. Villes wier relativéiert ginn an et géif un enger strategescher Orientéierung vun der Regierung a Saachen Ëmwelt a Klima feelen, esou d'Presidentin Blanche Weber an enger éischter Reaktioun. 

Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique

De Premier hätt sech a senger Ried laanscht déi zentral Froe gefuddelt, esou d'Blanche Weber. 

"En huet keng Ausso gemaach, datt den Aarteverloscht weidergeet. En huet keng Ausso gemaach, wéi et mat engem Plan social pour le clima weidergeet." 

Et wier och näischt gesot ginn doriwwer, wéi ee Famillje mat manner Geld déi energetesch Transitioun kéint vereinfachen, esou d'Blanche Weber. 

"Keng Ausso, datt eist Waasser lues a lues méi verschmotzt gëtt duerch Eiwegkeetschemikalien, déi sech net ofbauen. Et huet ee wierklech den Androck, de Bols ass net fir den Theema. En huet nach eng fein Intro gemaach. "mir genéisse léiwer d'Sonn, wéi ënner der Sonn ze leiden." Dat ass jo alles schéin a gutt."

Duerno missten awer konkret Aussoe komme fir d'Ëmweltpolitik an der Zukunft, esou nach d'Presidentin vum Mouvement écologique.