Ried zur Lag vun der Natioun

D'Oppositioun ass besuergt iwwer de Finanzement vun den ugekënnegten Depensen

An de Reaktiounen no der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden weist d'Oppositioun sech besuergt iwwer de Finanzement. Dobäi wier dat hei net den Ament gewiescht, fir iwwer d'Staatsfinanzen ze schwätzen, mengt den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Chambre des Députés play_arrow
(Foto: Chambre des Députés)

Den David Wagner vun déi Lénk hätt den Androck gehat, datt de Premier déi selwecht Ried gehalen hätt wéi zejoert, mee Villes hätt sech geännert. Et hätt ee sech a punkto Tripartite méi Detailer erwaart, betount den David Wagner.

"Mir sinn engersäits an enger Situatioun, datt elo eng Tripartite am Lafen ass, an datt mengen ech d'Chamber an d'Vollek iwwerhaapt d'Recht hat ze wësse wat d'Regierung fir Pläng huet. Anerersäits hu mer och d'Fro vun de Staatsfinanzen."

Zu de Staatsfinanze stellt sech och d’Taina Bofferding, d'Fraktiounscheffin vun der LSAP Froen.

"Wat en awer net gesot huet, wien alleguerten déi Projeten, d'Defense, wéi d'Individualiséierung, alles wat nach op eis duer kënnt, wien dat wëll finanzéieren."

Och wann ee net an der Budgetsdebatt wier, misst ee sech awer froen wou déi Suen hierkéimen, esou nach d'Taina Bofferding.

CSV: "D'Thema vum Budget kënnt am Hierscht"

Dat hei wier net den Ament gewiescht fir iwwert d’Staatsfinanzen ze schwätzen, erkläert den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet.

"Et ass d'Ried iwwert d'Lag vun der Natioun, iwwert déi wirtschaftlech a sozial Lag vum Land. Dat huet de Premier, mengen ech, gemaach. En huet eng realistesch Situatioun beschriwwen, och eng éierlech."

Mam Budget an der finanzieller Situatioun géif ee sech dann am Hierscht am Detail beschäftegen, huet de Laurent Zeimet nach betount.

An den Ae vum Sven Clement Deputéierte vun der Piratepartei géif de Premier déi negativ Schlagzeilen der Tripartite iwwerloossen.

"Dat heescht, d'Kaddoe sinn haut verdeelt ginn, souwuel un déi Äermste wéi un déi ganz Räich, d'Multiproprietären. Déi kruten och e puer Kaddoen. An déi an der Mëtt, déi d'Rechnung musse bezuelen, ma déi kréien da gesot bei der Tripartite: Et deet mer leed, mee déi mer leed, mee elo kascht ee Pond  Kiischten dann awer méi wéi virdrun."

Vermësst ginn awer virun Allem konkret Moossnamen zum Logementsproblem, ee Sujet deen net an der Tripartite ugeschwat soll ginn. 

D'ADR langweilt sech - D'DP verteidegt de Premier

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup sengersäits huet sech vill gelangweilt.

"Éischtens, et war langweileg. Zweetens, sinn null Ambitiounen dran. An drëttens, kritt een ee Gefill, de Luc Frieden, dee lieft im Wunderland. Dat ass dat, wat dobäi erauskomm ass."

 Datt an der Déclaratioun vum Premier Villes dra war wat scho bekannt war, wier normal, betount de Fraktiounschef vun der DP Gilles Baum.

"An der Hallschent vu sengem Mandat gouf e Bilan gemaach vun deene Saachen, déi gemaach gi sinn an en huet eng Rei Saachen annoncéiert, wat mech frou stëmmt, well awer e groussen Deel vu senger Ried sech ronderëm dee gréisste Problem haut zu Lëtzebuerg dréit, nämlech ëm de Wunnengsbau."

Suergen huet de Gilles Baum sech dann och gemaach iwwert de Fait datt d’Wirtschaft net esou dynamesch ass wéi een sech dat gewënscht huet. An datt Lëtzebuerg fir d’Frontalieren net méi esou attraktiv wier.

 

Lauschterenplay_arrow