An der Haaptsaach koum et allerdéngs an der Ried zu Rappeller an zu engem Réckbléck op scho Geleeschtent. Eng kloer Uso gouf et awer a puncto Gesondheetssystem. An deem Kontext huet de Regierungschef nämlech erkläert, datt et ënner dëser Regierung keen Déconventionnement wäert ginn.
"Mir wëlle keng Zwou-Klassen-Medezin. D’Tariffer wäerten och an Zukunft eenheetlech bleiwen an dat ofdecken, wat gebraucht gëtt an noutwendeg ass. Mir stinn zu eisem solidaresche Gesondheetssystem. Eng Zwou-Klasse-Medezin ass schlecht fir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft."
Wat d’Rappeller ugeet, gouf virun allem un eng eenzeg Steierklass vun 2028 un erënnert, grad ewéi un d’Aféieren um Enn vum Joer vun engem Mindestalter fir d’Benotze vu soziale Medien, wa bis dohi keng europäesch Léisung a Siicht ass. Weider huet de Premier un d’Aféiere vun engem Housing bond fir d’Ënnerstëtzung vum Bau vu Wunnraum, an un den zukünftege Bau vu Satellitten hei am Land erënnert.
Neie Steierkredit fir Start-Ups
Nei war dogéint eng Annonce, fir den Entrepreneursgeescht ze fërderen.
"Fir Grënner déi néideg Finanzen ze ginn, hu mir en neie Steierkredit fir Investissementer a Start-ups agefouert. An d’SNCI huet eng Enveloppe vun 300 Milliounen Euro bereetgestallt. An amplaz datt e Grënner schonn um éischten Dag muss 12.000 Euro Startkapital virweisen, gi mir hinnen an Zukunft ee Joer Zäit."
Weider ugekënnegt Nouveautéite si Vereinfachunge beim ASBL-Gesetz, e gesetzleche Kader fir Autoen, déi autonom fueren, an d’Reductioun vun den Droits d’enregistrement um Réibau.
Virun der Tripartite a gutt zwou Wochen huet de Premier iwwerdeems Appeller un den Zesummenhalt vun de Sozialpartner gemaach.