USA

Op en Neits 15 Joer Prisong wéinst Sexualverbrieche fir de Filmmogul Harvey Weinstein

Géint de fréieren Hollywood-Mediemogul goufen haut 15 Joer Prisong gesprach, wéinst sexueller Agressioun géint eng fréier Produktiounsassistentin. Dat mellt d'Noriichtenagence DPA a berifft sech op US-amerikanesch Medien. De 74 Joer alen Harvey Weinstein sëtzt schonn zënter Joren am Prisong.

auto_stories

1 min

Mam Urteel vun haut bleift d'Geriicht ënner der Fuerderung vum Parquet vun 20 Joer Prisong. 

MeToo-Beweegung gouf gestart

2020 scho war de Weinstein zu New York an der nämlechter Affär zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn, mee de Prozess hat 2024 missen nei opgerullt ginn, well ez wuel Feeler an de Prozedure gouf. 

Den Hollywood-Mogul gouf awer och an aneren Affäre wéinst sexuelle Verbrieche schëlleg gesprach, ënner anerem a Kalifornien zu 16 Joer Prisong. 

Dosende Fraen hu scho géint de Weinstein geklot - an domat d'Beweegung MeToo lassgetrëppelt. Fraen aus der ganzer Welt hunn ënner der Beweegung MeToo vu sexuellen Iwwergrëffer op si erzielt.