USA-China

Paus vun Douanestaxen tëschent China an USA verlängert an: Keng nei Reegele fir KI

Déi aktuell Paus gëtt ëm zwee Méint verlängert. Dat gouf annoncéiert am Virfeld vum Treffen tëschent dem Donald Trump an dem Xi Jinping zu Washington. Bei dem Treffe wëlle béid Länner kucke fir nei Eskalatiounen an hire Bezéiungen ze verhënneren. Och iwwer KI soll geschwat ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

©  EPA/JIM LO SCALZO play_arrow
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

Déi zousätzlech Douanestaxe fir chineesesch Wuere sollen elo bis den 10. Januar nächst Joer ausgesat bleiwen, esou den US-Finanzminister Scott Bessent. Domat gewannen déi zwou gréisste Vollekswirtschaften Zäit, fir no enger méi laangfristeger Léisung an hirem Handelssträit ze sichen. 

Sträit eskaléiert zënter zejoert 

Wann d’Ofkommes ausgelaf wier, hätt China och seng Exportkontrolle fir seele Ressourcë weider ausgebaut. Vun der chineesescher Säit gouf et fir d’éischt nach keng Bestätegung fir d’Verlängerung.

De Sträit ëm Douanestaxen tëschent den USA a China hat sech nom Trump senger Amtsiwwernam am Fréijoer 2025 däitlech verschäerft. D’USA haten hir Importtaxe fir chineesesch Wuere schrëttweis op bis zu 145 Prozent erhéicht. China huet mat Géigentaxe vu bis zu 125 Prozent an Exportkontrolle fir strategesch wichteg Ressourcë reagéiert.

Donald Trump empfänkt Xi Jinping am Wäissen Haus

De chineesesche President ass gëschter Owend zu Joint Base Andrews bei Washington ukomm. Den Donald Trump huet hien do perséinlech um Militärfluchhafen empfaangen – en ongewéinlechen diplomatesche Gest. Fir de Xi ass et déi éischt Rees an d’USA zënter 2023 an déi éischt Staatsvisitt zu Washington zënter 2015.

Um Agenda stinn awer weider grouss Sträitpunkten. Nieft den Douanestaxe geet et ëm chineesesch Exportrestriktioune bei seelene Ressourcen an ëm amerikanesch Restriktioune fir modern Computerchips, déi fir héich performant Technologië gebraucht ginn. Och d’Konkurrenz bei der kënschtlecher Intelligenz soll eng zentral Roll spillen. Politesch dierften och Taiwan an déi international Konflikter am Iran an an der Ukrain Thema sinn.

Grouss Duerchbréch ginn am Virfeld net erwaart. Béid Säite wëllen awer verhënneren, datt d’Relatiounen tëschent Washington a Peking nees däitlech eskaléieren.

An enger schrëftlecher Erklärung virun der Staatsvisitt huet de Xi Jinping vun engem "entscheedende Joer" fir d’Relatiounen tëschent béide Länner geschwat. D’USA a China sollte Partner an net Rivale sinn, esou de chineesesche Staatschef.

Géint nei Reegele fir d'KI 

Virun der Entrevue huet den US-President schonn op senger Plattform Truth Social matgedeelt, datt béid Länner géint nei Reegele fir d'Kënschtlech Intelligenz wieren. D'KI soll dem Trump no awer e Sujet bei hirem Treffe sinn. Hien huet och am Numm vun de Chineese matgedeelt, datt déi der selwechter Meenung wiere wéi hien. 

Senger Meenung no géif den US-Rechtssystem duergoen, fir d'Technologie ze kontrolléieren. 

Lauschterenplay_arrow