USA

Trotz Geriichtsurteel: Trump blockéiert den Acces vu Journalisten an d'Wäisst Haus

Journalisten a Journalistinne vun CNN, MS NOW a Politico kréien den Ament nach ëmmer keen Accès an d’Wäisst Haus. Dat, obwuel e Geriicht zu Washington decidéiert huet, datt si hir Presseakkreditatioun direkt mussen zeréckkréien.

auto_stories

1 min

© EPA/SAMUEL CORUM /SIPA USA / POOL
(Foto: EPA/SAMUEL CORUM /SIPA USA / POOL)

Dräi Medien hate viru Geriicht Recht kritt an de Riichter koum zur Conclusioun, datt d'Rechter vun de Journalisten net respketéiert gi wieren. 

Den US-President hat de Medienhaiser reprochéiert, Fake News ze verbreeden a si vu Pressekonferenzen am Wäissen Haus ausgeschloss. Eng ganz Partie Medienorganisatiounen an den USA haten sech solidaresch mat den dräi Sender gewisen.

Ausschloss géif géint Konstitutioun verstoussen

An engem oppene Bréif un d'Geriicht haten iwwer 50 Organisatioun ënnerschriwwen, datt dem Donald Trump säi Medien-Ausschloss géint déi US-amerikanesch Konstitutioun géif verstoussen. Dës Decisioun misst dofir direkt réckgängeg gemaach ginn.