D'Ugrëff vun den USA a vun Israel op den Iran géife verhënneren, datt den Iran eng Atomwaff géif bauen, huet den US-President op en Neits behaapt. Hien huet déi international Gemeinschaft dozou opgeruff, den Iran wirtschaftlech komplett ze isoléieren.
Internationale Strofgeriichtshaff nees am Viséier
Den Trump steet ënner Drock, well säi Krich géint den Iran net gutt beim US-amerikanesche Vollek ukënnt a wesentlech méi laang dauert wéi déi vun him ugangs ugekënnegt e puer Wochen. Am November sinn awer schonn d'Midterm-Walen.
Donieft huet den US-President d'Länner dozou opgeruff, aus dem internationale Strofgeriichtshaff auszetrieden. Déi Institutioun wier nämlech net ënner Kontroll. Den internationale Strofgeriichtshaff gouf 1998 gegrënnt fir a Fäll vu Genocide, Krichsverbriechen oder Verbrieche géint d'Mënschlechkeet ze tranchéieren. D'USA sinn zwar Member, hunn d'Statute vum Geriichtshaff awer ni ratifizéiert. Israel, wéi och Russland, si keng Memberen.
Droung: Kuba soll falen
Och huet den Trump nees ee Fridden an der Ukrain ugekënnegt. Russland an d'Ukrain wiere kuerz virdrun, een Accord ze fannen. Et ass net déi éischte Kéier, datt den US-President dat ugekënnegt. D'Attacken tëschent béide Länner ginn iwwerdeems weider.
Donieft huet den Donald Trump annoncéiert, datt de kommunistesche Regimm op Kuba fale wäert. Hie wéilt fir Verännerungen op der Insel suergen, esou dem US-President seng Droung. Kuba huet scho reagéiert, a vu Verleumdung geschwat.
Ofkommes fir Grönland ënnerschriwwen
D'USA, Dänemark a Grönland hunn am Sträit ëm d'Arktisinsel en Ofkommes ënnerschriwwen. Den US-President Donald Trump, déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen an de grönlännesche Regierungschef Jens-Frederik Nielsen hunn den Accord um Bord vun der UN-Vollversammlung zu New York ënnerschriwwen.
Dobäi geet et ëm Sécherheetsinteressen. Detailer vum Ofkommes sinn nach net bekannt. Den Trump hat virdrun a senger Ried annoncéiert, datt d'USA hir militäresch Presenz op Grönland ausbaue wëllen. Geplangt wieren zwee grouss nei US-Militärstëtzpunkten. Och sensibel Investitiounen op der Insel sollen dem Trump no an Zukunft net ouni d'Zoustëmmung vun den USA méiglech sinn. De Konflikt ëm Grönland hat sech zougespëtzt, nodeems den Trump e puermol gedreet hat, d'Insel kafen ze wëllen. Grönland ass gréisstendeels autonom, gehéiert awer zum dänesche Kinnekräich.
Guterres: "Genuch ass genuch"
Genuch wier genuch, huet iwwerdeems den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres beim Optakt vun de Riede gesot, mat Bléck op d'Situatioun am Noen Osten. Hien huet d'Staaten dozou opgefuerdert, fir Fridden an der Regioun ze suergen.
Och de brasilianesche Staatschef Lula da Silva huet en Appell fir Fridde gemaach an drun erënnert, datt déi wichtegst Aufgab vun de Vereenten Natioune wier, d'Mënschheet aus de Gäissele vum Krich ze befreien.
Bis e Méindeg nach mat wäerte ronn 120 Staats- a Regierungscheffen hir Riede bei der UNO-Vollversammlung halen. Haut den owend um 20:15 Auer wäert de Grand-Duc Guillaume seng Ried halen.