Um Bord hu Vetrieder vun den USA an dem Iran Gespréicher geféiert. Déi hätten dräi Stonne gedauert a wiere ganz gutt verlaf, sot den US-President Donald Trump, ouni konkreet Detailer ze ginn.
Haut dierft och de russesche Krich géint d‘Ukrain bei der UN-Vollversammlung am Mëttelpunkt stoen. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass bei Berodunge vum UN-Sécherheetsrot dobäi an hält spéider eng Ried.