Déi deemools 20 Joer al Studentin huet den 19. Oktober 2024 eng zivil Klo eragereecht, well si um Campus vun der Cornell-Universitéit vu siwe Membere vum Verbindungshaus Chi Phi fir d'éischt gezwonge gouf, Ketamin ze huelen. Duerno gouf si wärend Stonnen vun deene Männer vergewaltegt, esou d'Uklo.
Snapchat-Grupp tëschent de Studenten
Géintiwwer der Universitéitspolice huet si deemools gesot: "Ech ka mat honnertprozenteger Sécherheet soen, datt ech vergewaltegt gouf."
An där Klo soll och eng Snapchat-Grupp vun de concernéierte Männer ernimmt ginn, déi wärend hirer Dot dora kommunizéiert hunn. Ënner anerem solle si dora gesot hunn, datt eng Fra uewe "gratis zur Verfügung" géif stoen.
Den zoustännege Bezierksaffekot behaapt, hien hätt d'Uklo ni kritt vun der Universitéitspolice, an huet sech dofir agesat, datt et net zu engem Prozess kënnt. D'Studenteverbinsung gouf vun der Uni opgeléist a Suspendéierunge géint déi presuméiert Täter wieren no enger interner Enquête geschwat ginn.
Wie genee Konsequenze krut, seet d'Uni net.
Firwat elo?
Datt de Fall elo nees fir Opreegung suergt, läit drun, datt dat concernéiert Affer am September op en Neits eng Klo agereecht huet.
Op de Soziale Medien ass d'Opreegung grouss - virun allem Zitater aus der Snapchat-Grupp zirkuléieren. Och d'Nimm a Fotoe vun de presuméierten Täter si public gemaach ginn. An d'Fro gëtt gestallt, wéi kee juristesche Suivi konnt gemaach ginn.
Elo hëllt sech d'Procureur d'Etat dem Fall un. All Beweiser, déi si fënnt, wëllt si der Grand Jury verleeën. Als Grand Jury gëtt eng Grupp u Geschworenen bezeechent, déi opgrond vu Beweiser, déi d'Justiz verleet, decidéieren, ob et zu enger Uklo soll kommen.
D'Procureur d'Etat huet elo och ee Procureur spécial genannt, fir sech mat deem Fall ze beschäftegen.