D'Decisioun, sech aus dem Irak zeréckzezéien, hunn d'USA schonn 2024 geholl. Zënter 2021 war den US-Militär mat 2.500 Zaldote just nach an enger berodender Funktioun present gewiescht.
Datt d'USA sech zeréckzéien ass eng vun deene wichtegste Fuerderunge vum irakesche Ministerpresident Ali al-Saidi. Awer och déi pro-iranesch Milizen hat dat gefuerdert. Déi sollten, parallel zum US-Réckzuch, hir Waffen ofginn. Deen Delai gouf awer elo op 2027 geréckelt.
Firwat sinn d'USA iwwerhaapt am Irak gewiescht?
Datt d'USA iwwerhaapt am Irak stationéiert sinn, geet op d'Terrorattacken den 11. September 2001 vun al-Qaida zeréck. Den deemolegen US-President Georg W. Bush huet ee globale "Krich géint den Terror" ausgeruff an déi sougenannt "Achs vum Béisen" definéiert.
Dem Iran, dem Irak an Nordkorea gouf ënnerstallt, Terrororganisatiounen ze ënnerstëtzen.
Virun allem dem Saddam Hussein goufe Verbindungen zu al-Qaida virgehäit. Hien hätt och Massevernichtungswaffen. Béid Reprochë ware falsch, gouf herno erausfonnt. D'USA sinn awer 2003 an den Irak amarschéiert an hunn den Hussein gestierzt.
Vill Historiker:inne schwätze vun der schlechtster aussepolitescher Decisioun, déi d'USA jeemools getraff hunn. 4.500 US-Zaldoten an Zéngdausenden Iraker si wärend de Jore vun der US-Presenz ëm d'Liewe komm.
Chaos, Gewalt an Opstänn hunn déi Zäit dominéiert. Och Fotoen aus US-Gefaangenschaft sinn zirkuléiert, op deene Prisonéier vum US-Militär gefoltert gi sinn.
Den IS wier iwwerwonnen - An elo?
Den Iran konnt un Afloss gewannen. An d'Terrororganisatioun IS huet 2014 ee "Kalifat" ausgeruff. Schiiten a jesidesch Minoritéite goufen ëmbruecht, Videoe vu brutalen Hiriichtunge sinn uechter d'Welt gaangen.
An och deenen hunn d'USA de Kampf ugesot - zesumme mat iwwer 80 anere Länner. 13.000 Zivilisten an 1.400 Zaldote sinn dobäi ëm d'Liewe komm.
Elo géif den IS just nach ëm säin eegent Iwwerliewe kämpfen. Fir ze gewannen, waren d'USA an hir Partnerlänner op Buedemtruppen ugewisen, dorënner déi kurdesch Peschmerga.
D'Kurde sinn et och, déi elo ënner dem Réckzuch vun den US-Truppe wuel am meeschte leide wäerten. D'USA hunn als Schutzschëld fir d'Minoritéit gegollt. De kurdesche Ministerpresident Masrur Barsani schwätzt vun enger Schan.
D'Majoritéit vun den US-Amerikaner:inne ginn iwwerdeems net dovun aus, datt de Krich den Irak méi sécher gemaach huet.