Bis ewell weess d'Police net, ob et ee Lien gëtt tëschent deenen eenzelne Femiziden. Déi néng éischt Affer waren an hiren Zwanzeger oder Drësseger, verschiddener vun de Fraen goufe wuel sexuell mësshandelt ier se ëmbruecht goufen, esou déi éischt Erkenntnisser vun der Police.
Gewalt u Fraen als national Katastroph declaréiert
Bis ewell goufen ee verdächtege Mann an zwou verdächteg Frae festgeholl.
Trotz Versprieche vun der Regierung, sech dem Problem vu Femiziden unzehuelen, an obwuel d'Gewalt u Fraen als national Katastroph declaréiert goufen, ginn et der permanent.
Südafrika huet ee vun deenen héchsten Tauxe wat Mordfäll ugeet, mat ronn 60 Homizide pro Dag. D'Affer si besonnesch heefeg Fraen.