Marokko

Déi éischt Fra un der Spëtzt vu Marokko: Fatima El Mansouri ass nei Regierungscheffin

De Kinnek Mohammed VI huet d'Fatima Ezzahra El Mansouri als nei Regierungscheffin genannt a si mat der Zesummestellung vun engem neie Kabinett beoptraagt. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vum Land, datt eng Fra un der Spëtzt steet.

auto_stories

1 min

D'Fatima Ezzahra El Mansouri | ©  EPA/JALAL MORCHIDI
D'Fatima Ezzahra El Mansouri (Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Der El Mansouri hir Partei, déi monarchistesch PAM, hat bei de Parlamentswale virun enger Woch déi meescht Sëtz, nämlech 97 vun 395, kritt.

Déi marokkanesch Verfassung gesäit vir, datt de Kinnek d'Regierungscheffin aus der Partei nennt, déi déi meeschte Sëtz kritt huet. Fir eng absolut Majoritéit wieren 198 Sëtz néideg gewiescht. Dofir muss d'Fatima El Mansouri elo verhandelen. 

38,02 Prozent Walbedeelegung

Déi 50 Joer al Fra ass Juristin a war d'Buergermeeschtesch vu Marrakesch. Zënter 2021 ass si d'Ministesch fir Stad-Politik an 2024 huet si mat zwou anere Persounen zesummen d'Féierung vun der Partei iwwerholl. 

Marokko ass eng Monarchie mat demokratreschen Elementen. D'Parlament an d'Regierung ginn zwar vum Vollek gewielt, déi meeschte Muecht huet awer ëmmer nach de Kinnek. Just 38,02 prozent vun der marokkanescher Bevëlkerung huet bei de leschte Walen eng Stëmm ofginn.