Noen Osten

Virfall um Vol vun Dubai op Tel Aviv wier een Attentat-Versuch gewiescht

Beim Virfall de Moien bei engem Vol vu FlyDubai soll et sech ëm e versichtent Attentat handelen, dat huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu de Mëtteg elo confirméiert. Ee vun de Piloten wier festgeholl ginn a géif vun de saudiarabeschen Autoritéiten verhéiert ginn.

auto_stories

1 min

FlyDubai | © EPA/ABIR SULTAN
FlyDubai (Foto: EPA/ABIR SULTAN)

Et ass net genee gewosst, wat um Vol vu Flydubai, deen a Saudiarabien noutgeland ass, geschitt ass. Um Vol vun Dubai op Tel Aviv war et zu engem gewaltsame Virfall am Cockpit komm.

180 israeelesch Staatsbierger u Bord 

Wéi israeelesch Medie mellen, hätt e Pilot den anere mat engem Messer attackéiert. Passagéier hätte gehollef de Mann ze iwwerwältegen. Ee vun de Pilote wier och blesséiert ginn. U Bord waren 180 israeelesch Staatsbierger. Den israeelesche Premier huet d‘Passagéier, déi agegraff hunn, also Helde bezeechent, si hätten eng Katastroph verhënnert.

De rietsextreemen israeelesche Minister Itamar Ben Gvir, sot direkt schonn, et wier en Attentat-Versuch gewiescht. Ee vun de Piloten hätt wëllen e Crash provozéieren.