Vum Zil, d’Aarmut an der EU bis 2050 Meeschter ze ginn, ass d’EU wäit ewech.
D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun deen Objectiv zejoert am September, an hirer Ried zur Lag vun der Unioun selwer definéiert. D’Ursula von der Leyen hat och versprach, ee konkrete Plang, fir géint d’Aarmut virzegoen, ze presentéieren.
Zu Bréissel huet déi zoustänneg EU-Kommissärin fir dat Soziaalt, Roxana Mînzatu, dann haut fir déi éischte Kéier eng EU-Strategie géint d’Aarmut virgestallt.
Bal eng Millioun Leit ouni Doheem
D’Zuelen, déi si presentéiert huet, sinn alarmant: 93 Millioune Leit, also 20 Prozent vun der Bevëlkerung an der EU si vun Aarmut betraff, dorënner aleng 19 Millioune Kanner.
Ëmmer méi Leit, an aktuell bal eng Millioun vun deene Leit, sinn ouni Doheem. Déi Zuele riskéiere weider ze klammen, esou déi rumänesch EU-Kommissärin op enger Pressekonferenz zu Bréissel.
"Dat ass esou obwuel mir an de leschte Joren aktiv waren, allerdéngs mat limitéiertem Effekt."
D’Energiekris géif weideren Drock op d’Stéit maachen, déi elo scho Problemer hunn.
Keng contraignant Mesuren
D’Kommissioun proposéiert elo dëser éischter europäescher Strategie géint d’Aarmut keng gesetzlech Mesuren, mee Recommandatiounen, déi net contraignant sinn. Et geet ëm den Zougank zu Aarbechtsplazen, zu soziale Servicer an em eng besser Koordinatioun vun de verschiddene Mesurë géint d’Aarmut.
Extra EU-Fonge sinn iwwerdeems net Deel vun där Strategie. Am Contraire: D’EU-Kommissioun huet an hirer Propos fir deen nächste Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 kee spezifesche Posten dofir am Europäesche Sozialfonds virgesinn.
Bréissel wëllt de Memberlänner méi Flexibilitéit ginn, fir selwer ze decidéieren, wou finanziell Ënnerstëtzunge fléisse sollen. D’Kommissioun ass sech bewosst, datt si hei net um Hiewel setzt. Trotzdeem hätt esou eng EU-Initiativ hir Wierkung, betount d’EU-Kommissärin.
"Mir setzen de politesche Kader. Och wann d’Recommandatiounen net gesetzlech contraignant sinn, well mer eis mussen un d’Kompetenze vun der EU halen, hu se an der Vergaangenheet funktionéiert. Si hunn een Afloss op d’Politik an d’Behuele vun de Memberstaaten."
Lëtzebuerg mat héijen Zuelen
De Kampf géint d’Aarmut bleift also an éischter Linn eng national Saach. 22 EU-Länner hunn national Strategië géint d’Aarmut.
Lëtzebuerg hat am Dezember zejoert eng éischte Kéier esou ee Plang virgeluecht. An engem Tëscherapport un d’Kommissioun vum Mäerz ass och de nationale Constat alarmant: Wärend de Grand Duché deen héchste PIB pro Awunner an der EU virweist, bleift d’Aarmut vu Kanner matt engem Taux vun iwwer 25 Prozent héich.
Méi héich wier deen Taux just a siwen EU-Länner, heescht et an deem Rapport.