“Et ka jidderengem geschéien. Ech ka mech verteidegen, anerer net”, dat hat déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni e Mëttwoch op der Plattform X geschriwwen, nodeem gefälschte Fotoe vun hir an Ënnerwäsch op verschiddene Kanäl vun de soziale Medien am Ëmlaf waren.
Esou sexualiséiert “Deepfakes” sollen an Zukunft an der Europäescher Unioun verbuede ginn.
Europäeschen “AI-Akt” soll nogebessert ginn
D’Gesetz iwwert déi kënschtlech Intelligenz, dat KI-Applikatioune reegelt, gëtt entspriechend nogebessert. Doriwwer si sech dat Europäescht Parlament an d’Memberstaaten elo eens ginn.
De Verbuet, deen decidéiert gouf, bezitt sech och op Inhalter, déi sexuelle Mëssbrauch vu Kanner duerstellen.
Et gi scho Reegelen an der EU, déi an alle Memberstaaten d’Produktioun an d’Verbreede vu manipuléierten Duerstellunge vu sexuellen Handlungen ouni d’Zoustëmmung vun de Betraffenen verbidden.
Bestrooft gëtt net déi Aktioun u sech, esou Biller ze produzéieren. Den neie Verbuet bezitt sech explizit op den Asaz vu KI.
Genee Definitioun vu “sexualiséiertem Contenu”
Am Gesetz soll genee definéiert ginn, wat sexualiséiert Inhalter sinn a wat net, hunn um Donneschdeg am Europaparlament zu Bréissel, d’EU-Deputéiert betount, déi bei de Verhandlungen derbäi waren. Et géing net drëm goen, d’Manipuléiere vu Biller komplett anzeschränken.
“Am Gesetz ass eng Lëscht, déi kloer mécht, wat soll ënnert d’Gesetz falen”, sou den iresche Liberale Michael McNamara.
Am Viséier: Nudify Apps
Sougenannten “Nudify”-Appen, also Software déi Kënschtlech Intelligenz notzt fir Biller vu plakege Leit op der Basis vu Fotoen ze schafen, ouni virdrun den Accord vun deene Persounen ze froen, gëtt et ëmmer méi, erkläert déi schweedesch EU-Deputéiert Arba Kokalari.
“Mir wollte Kloerheet doriwwer, wat mir an Europa net akzeptéieren. Et gëtt App-Entwéckler, déi Sauvegarden an hir Systemer abauen, dat heite wäert och Kloerheet fir si bréngen.”
Wat d’Kennzeechne vu KI-Contenu duerch Waasserzeechen ugeet, kréien d’Entreprisë méi Zäit, fir dat ëmzesetzen. Aplaz vun August gëllt dofir elo eréischt den Dezember 2026 als Stéchdatum.
Ier des Ännerungen a Kraaft trieden, mussen nach d’Europaparlament an d’Memberstaaten dee politeschen Accord validéieren. Ass dat geschitt, dann trieden d’Reegele vum 2. Dezember un a Kraaft a si musse vun der europäescher KI-Agence an allen EU-Memberstaaten duerchgesat ginn.
Lëtzebuerg wëllt Phenomen, net KI bestrofen
Zu Lëtzebuerg war onofhängeg dovun ee Gesetzprojet duerch de Regierungsrot gaangen, dee Cybergewalt méi streng reglementéiere soll. Dat hat d’Justizministerin Elisabeth Margue (CSV) Mëtt Abrëll am 100,7-Interview gesot.
Hei soll awer de Phenomen Biller rechtswidreg ze verännere bestrooft ginn, an net explizit den Asaz vu KI, hat d’Elisabeth Margue kloergestallt.