Bukarest

Rumänescht Parlament stëmmt fir d’Ofsetze vun der pro-europäescher Regierung

D’Parlament zu Bukarest huet um Dënschdeg dofir gestëmmt, de Premier Ilie Bolojan ofzesetzen.

auto_stories

1 min

Ilie Bolojan | © EPA/Robert Ghement
Ilie Bolojan (Foto: EPA/Robert Ghement)

De Mësstrauensvott am EU-Memberstaat Rumänien war vun de Sozialdemokraten a vun der rietsextreemer Partei AUR (Alliance for the Union of Romanians) ugefrot ginn.

Si kritiséieren dem Premier seng Spuerpolitik a si si géint de geplangte Verkaf vun Deeler vu grousse Staatsbetriber.

281 vu 464 Deputéierter a Senateuren hunn der pro-westlecher Regierung d’Mësstrauen ausgeschwat.

Dëse Vott kéint Rumänien erëm a politesch Turbulenze féieren.

D’Resultat vum Vott war keng Iwwerraschung

Et war sech am Virfeld erwaart ginn, datt d’Regierung vum biergerleche Reformpremier no zéng Méint ofgewielt gëtt.

Méiglech sinn elo eng nei Regierung mat Bedeelegung vun der Partei AUR oder Neiwalen a Rumänien.

De rumänesche President Nicusor Dan hat ugekënnegt, kee Premier ze nominéieren, dee vun AUR ënnerstëtzt gëtt.