Verschidde grouss Staaten aus der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’EU sollt zesummen duerch europawäit Mesuren op d’Energiekris reagéieren.
Doriwwer hunn e Méindeg an en Dënschdeg déi europäesch Finanzministeren zu Bréissel diskutéiert.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden (CSV) hat virun zwou Wochen um informellen EU-Sommet op Zypern dovun ofgesinn, gemeinsam Moossnamen ze fuerderen.
“Ech mengen, datt dat net direkt eng europäesch Politik ass. Well vill vun deene Moossname sinn natierlech national.”
Fënnef EU-Staate fuerderen eng Iwwergewënnsteier
Däitschland awer mécht sech staark fir eng Steier op exzeptionelle Profitter, déi d’Energieentreprisë wéinst der Kris akasséieren.
Esou eng “windfall tax” hat Bréissel am Oktober 2022 fir déi ganz EU ageféiert: Entreprisen hunn deemno mussen ee Minimum vun 33 Prozent Steieren op zousätzleche Gewënner ofginn.
Et wier ongerecht, datt grouss Konzerner vun där aktueller Kris profitéieren, sot zu Bréissel den däitsche Finanzminister Lars Klingbeil.
“Es ist eine Frage der Gerechtigkeit, dass die Konzerne, die mit der Krise Gewinne machen, an den Krisenkosten beteiligt werden. Dafür werbe ich.”
Och Éisträich, Portugal, Spuenien an Italie stinn hanner där Propos. Fir eng Majoritéit ënner den EU-Staaten awer geet dat net duer.
Dombrovskis: "Keng Propos virgesinn"
Iwwerdeems huet den EU-Kommissär Valdis Dombrovskis no de Reuniounen zu Bréissel kloergestallt, datt déi Europäesch Kommissioun net wëlles huet, aktiv ze ginn:
“Vun EU-Säit ass esou eng Propos net virgesinn. Esou eng Iwwergewënnsteier huet an där leschter Energiekris gemëschte Resultater produzéiert”.
Italien oder Spuenie setze sech iwwerdeems och dofir an, datt déi méi labber Budgetsreegele fir d’Depensen an der Verteidegung och fir ëffentlech Investitiounen, zum Beispill an erneierbar Energien, gëllen.
Och hei wénkt de Vizepresident vun der Kommissioun awer of.
“D’Kommissioun réit den Ament, datt Mesurë fir d’Ekonomie ze ënnerstëtzen, zäitlech begrenzt a geziilt sinn.”
Déi Mesurë sollten net dozou féieren, datt d’Demande eropgeet, betount och de letteschen EU-Kommissär.
Dat nämlech kéint am Fall vun engem Engpass an der Offer dozou féieren, datt d’Präisser an d’Luucht ginn a kéint deemno kontraproduktiv sinn.
Sollten d’Staaten insistéieren oder d’Situatioun méi schro ginn, wier d’Kommissioun prett ze agéieren, verséchert de Valdis Dombrosvkis.
Lëtzebuerg waart of
Wat d’Iwwergewënnsteier ugeet, géif een allzäit net labber loossen, stellt iwwerdeems den éisträichesche Finanzminister kloer. “Das Thema ist nicht beerdigt”, sot de Markus Marterbauer.
“Vielleicht werden wir auch mehr als die fünf Länder. Wir sind sehr stark dahinter, weil wir es für vernünftig und gerecht halten.”
Lëtzebuerg huet den Ament net wëlles, sech där Demande unzeschléissen.
Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Georges Engel un de Finanz- an den Energieminister ervir.
Et wier een net gefrot gi matzemaachen. A well keng Propos vun der Kommissioun géing virleien an domat d’Parameteren net kloer wieren, wier et net méiglech, eng Lëtzebuerger Positioun ze definéieren, schreiwen doran de Gilles Roth (CSV) an de Lex Delles (DP).
Vum Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth war weder e Méindeg nach gëschter dozou een Interview um Bord vun de Reuniounen zu Bréissel ze kréien.