Eng vun de Pisten, déi d’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez (CSV) ugekënnegt huet, betrëfft och d’Kinéen hei am Land.
D’Kinéë wieren dee véiertdeierste Prestataire fir d’Gesondheetskeess CNS: Dat mat engem Käschtepunkt vun iwwer 150 Milliounen Euro pro Joer, erkläert de President vun der Kinésassociatioun (ALK), de Patrick Obertin am 100,7-Interview.
De Wonsch bei der Quadripartite mat dobäi ze sinn
Dowéinst wier et ëmsou méi wichteg, datt de Beruffsverband mat um Dësch vun der Quadripartite géif sëtzen.
D’Associatioun vun de Kinéë géif awer mat an den Aarbechtsgruppe sëtzen, ënner anerem an där iwwer d’Maîtrise médical, esou de Patrick Obertin. Et wier wichteg, datt och Kinéen an deenen Aarbechtsgruppe mat dra sinn, an deenen iwwer Kinéen diskutéiert gëtt.
“Well wou ech absolutt net averstan sinn, dat ass datt Decisiounen iwwer eis Käpp geholl ginn, wou mir mol net kënnen op d'mannst eisen Avis dozou ginn. Do maachen ech net méi mat.”
An der Kinesitherapie géife sech Traitementer iwwerschneiden, hat d’CSV-Ministesch Martine Deprez no der Quadripartite um Mëttwoch gesot. Fir onnéideg Ausgabe vun der CNS ze reduzéieren, wéilt ee mat de Partner zesummen “d’Kinés-Ordonnancen an de Grëff kréien”.
D’Kinés-Associatioun ALK oppe fir géint Fraudë virzegoen
Et géif ee schonn zënter Joren zesumme mat der CNS d’Aarbecht vun de Kinéen analyséieren, esou de Patrick Obertin. D’CNS wier verflicht Kontrollen ze maachen.
“Mir hunn eis deene Kontrollen ni opposéiert. An do sinn och verschidde Kinéen opfälleg ginn, (...) wou och d'Fäll méi genau ënnersicht gi sinn. An och deelweis si Saachen erausfonnt ginn, déi net genau esou gelaf sinn, wéi se sollten. An do sinn dann och Mesurë geholl ginn. An do si mir ganz dofir.”
Eng Invitatioun fir déi nächst Reunioun vun den Aarbechtsgruppe géif et nach net ginn, esou nach de Patrick Obertin vun der ALK.