D‘lescht Joer huet d‘CNS mat engem Defizit vu liicht iwwer 100 Milliounen Euro ofgeschloss an dëst Joer gëtt sech een Defizit vu knapp 130 Milliounen erwaart. Fir de Budget vun der CNS nees an den Equiliber ze kréien, bräicht et strukturell Mesuren, esou d’Martine Deprez.
Et hätt een och keng Spuermesuren ausgeschafft, mee "manner Ausgaben" identifizéiert. Dofir hätt ee véier Pisten definéiert, sot d’Ministesch.
"Ee fält ronderëm d'Medikamenter, ee fält ronderëm d'Maîtrise médicalisée, ee fält ronderëm d'Soins hospitaliers an ee fält ronderëm d'Lutte, Abus et Fraude."
Ënner anerem wéilt een zum Beispill Traitementer upassen, Hospitalisatiounszäiten erofsetzen an d’Ressourcen am Spidolssecteur besser notzen. Weider wëllt een d’Médecine general, d’Preventioun an den Extrahospitalier stäerken. Dat an Zesummenaarbecht mat der Dokteschvereenegung AMMD.
AMMD: CSV setzt Walverspriechen net ëm
Där ginn d’Annoncë vu gëschter allerdéngs nach net duer fir eng nei Konventioun mat der CNS ze ënnerschreiwen, erkläert den AMMD-President Chris Roller.
"Fir datt mir déi nei Konventioun ënnerschreiwen, brauche mir konkreet Mesuren. Dat heescht, mir musse wierklech eis kënne sécher sinn, datt dat wäert en place gesat ginn."
D'CSV hätt ëmmerhi Walversprieche gemaach, déi se net géif ëmsetzen, esou de Chris Roller.
"Am Koalitiounsaccord sinn och vill Saachen net ëmgesat ginn. Dat heescht, mir kënnen eis just mat konkreete Mesuren eigentlech zefridde ginn."
Iwwerdeems huet d’Ministesch op en Neits betount, datt d’Regierung um konventionéierte System géif festhalen an d’Assuréen och weiderhi geschützt wieren - och wann et net zu engem Accord mat der AMMD an domat zu engem Reglement grand-ducale géif kommen.
Gewerkschaften zefridden, datt Assuréë weiderhi geschützt bleiwen
D’Gewerkschafte weise sech da virsiichteg optimistesch, nodeems d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez hinne gëschter op der Quadripartite vun der Gesondheetskeess verséchert hätt, datt d’Assuréë weider geschützt wieren. Dat am Fall, datt d’Dokteschvereenegung keng nei Konventioun géif ënnerschreiwen an d’Relatioun tëschent Dokteren an CNS dann iwwer ee Reglement grand-ducale géif gereegelt ginn.
D’lescht Woch hat d’Gewerkschaftsunioun d’Regierung dozou opgeruff alles ze ënnerhuelen, fir datt d’Konventioun tëschent den Dokteren an der CNS awer nach ënnerschriwwe gëtt.
Et géif een nämlech un der Konventioun festhalen, esou de Christophe Knebeler vum LCGB.
"Eise Wonsch ass et net, datt mir an d'Richtung vun engem Reglement ginn. Mir hätte gären, datt mir déi Konventioun hunn. Mee wann dat net méiglech ass, ass et kloer, datt dann dat Reglement muss kommen. An do hu mir op d'mannst dann haut zur Kenntnis geholl, datt do elo kloer vun der Ministesch gesot ginn ass, datt dat jo dann esou géif geschriwwe ginn, fir datt da séchergestallt ginn ass, datt den Assuréen näischt geschitt."
Och si géifen awer op ee kloren a konkreeten Text waarden, esou de Christophe Knebeler.
Den aktuellen Analysen no wäert een Enn d‘nächst Joer ënner déi gesetzlech festgeluechte Reserv vun 10 Prozent falen. Da mussen d‘Cotisatiounen erhéicht ginn.