Ravel an der Provence

play_disabled
on the headlines

Ee Concert deen aus 100 % Ravel besteet? Dee gouf et dëst Joer um Internationale Piano Festival vu La Roque d'Anthéron an der Provence. Op der grousser Bün stoungen do net nemmen de Philharmoneschen Orchester vun Nice an den Dirigent Lionel Bringuier, mee och ee grousse Pianist. Dat ass de Bertrand Chamayou. Hie selwer verstoppt och net seng Passioun fir de Ravel, an ass ënnert anerem Präsident an artisteschen Direkter vum Ravel Festival. Dëse Concert passt och perfekt an d'Joer 2025, well dëst Joer gëtt den 150. Gebuertsdag vum grousse franséische Komponist gefeiert. Ee gudde Grond, méi vun him ze entdecke wéi nëmme säi Boléro a säi Ballet "Daphnis et Chloé".

Programm:

Maurice Ravel (1875-1937): Concerto fir Piano a Sol Majeur

Maurice Ravel: Concerto fir Piano fir déi lénk Hand a Re Majeur

Maurice Ravel: Trois beaux oiseaux du paradis (Zugab vum Bertrand Chamayou)

Maurice Ravel: Jeux d'eau, M. 30 (Zugab vum Bertrand Chamayou)

Maurice Ravel: Boléro

Modest Mussorgsky (1839-1881): Das große Tor von Kiew, aus "Bilder einer Ausstellung" (Zugab vum Orchester)

Interpreten:

Bertrand Chamayou, Piano

Nice Philharmonic Orchestra

Lionel Bringuier, Direktioun

Dësen Openair-Concert gouf den 30. Juli 2025 um Internationale Piano Festival 2025 zu La Roque d'Anthéron an der Provence opgeholl. D'Opnam ass bis de 17. September 2025 disponibel fir nogelauschtert ze ginn.

Episoden

Romantiker, Rebell, Revolutionär

En Hommage un de Papp vun der däitscher Oper, de Carl Maria von Weber
Déi jonk Generatioun am Mëttelpunkt | © Jacky Azoulai

Déi jonk Generatioun am Mëttelpunkt

De Jérémie Moreau um Piano an d'Valerie Fritz um Cello stellen hiert Talent ënner Beweis.
headphones

124 min

play_arrow
Sechs zäitgenëssesch Komponistinnen | © Anne Bied

Sechs zäitgenëssesch Komponistinnen

Wierker vu Lera Auerbach, Anna Clyne, Konstantia Gourzi, Camille Pépin, Livia Teodorescu-Ciocanea an Allison Loggins-Hull
headphones

122 min

play_arrow
Den Cello an all senge Variatiounen | © Andrej Grilc

Den Cello an all senge Variatiounen

Alles am Zeeche vum Cello: mat engem variéierte Programm ronderëm dräi grouss Nimm, de Franz Schubert, de Claude Debussy an de Johannes Brahms
headphones

112 min

play_arrow
Galaconcert vun den International Classical Music Awards | © Marian Lenhard

Galaconcert vun den International Classical Music Awards

Musikalesch Glanzliichter
headphones

130 min

play_arrow
De Rising Star Giorgi Gigashvili | © Dubai Opera

De Rising Star Giorgi Gigashvili

Den am Joer 2000 gebuerene Pianist presentéiert sech mat däitscher Romantik, russeschem 20. Joerhonnert an enger neier Kompositioun vun der Natalie Berizde
play_disabled
Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen | © Philharmonie de Luxembourg

Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen

Sibelius, Janáček a Schostakowitsch mam Leonidas Kavakos, mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mam Jukka-Pekka Saraste
headphones

122 min

play_arrow
Hommage un d'Clara Schumann | © Franz Hanfstaengl

Hommage un d'Clara Schumann

Déi legendär Pianistin, Komponistin a Mamm vun 8 Kanner, ass virun 130 Joer gestuerwen.
headphones

121 min

play_arrow
Grouss Sinfonie | © EBU

Grouss Sinfonie

De Schweedesche Radiosymphonieorchester spillt ënnert der Leedung vum Antonio Pappano Wierker vum Johannes Brahms a Richard Strauss
headphones

123 min

play_arrow
E Rising Star um ungareschen Cimbalom | © Posztós János

E Rising Star um ungareschen Cimbalom

Folk, Jazz a Klassik vu Bach bis Modern, gespillt op engem vun den eelste Museksinstrumenter dem Cimbalom, vun dem ungareschen Nowuesstalent Aron Horváth
play_disabled
Papp a Jong | © Facebooksäit vum Catch Music Festival

Papp a Jong

D’Famill Bach an d’Famill Scarlatti stinn am Fokus um Erëffnungsconcert vum Catch Music Festival 2026
headphones

111 min

play_arrow
70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE

De Lëtzebuerger Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag an invitéiert nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker eng Rei Kënschtler:innen vu vergangene Projeten op d'Bün.
play_disabled
Wéi am Dram | © Adriano Heitman

Wéi am Dram

Charles Dutoit a Martha Argerich versetzen eis an aner Welten.
headphones

121 min

play_arrow
De Claude Lenners gëtt der 70 | © Lex Kauffmann

De Claude Lenners gëtt der 70

Eng Emissioun fir dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners säi 70. Gebuertsdag ze feieren.
headphones

123 min

play_arrow
Ladies’ Night | © Free

Ladies’ Night

Schumann a Mendelssohn? Clara a Fanny!
headphones

112 min

play_arrow
Hayd'n seek | © Maxime de Bollivier

Hayd'n seek

Haydn an Jazz mam Arthur Possing an dem Chaos String Quartet
headphones

113 min

play_arrow
Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg | © Bohumil Kostohryz

Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg

"Contretemps" ass den Titel vun engem Concert vun Ufank Februar 2026, bei deem den OCL sech mat verschiddenste Komponisten auserneesetzt.
headphones

125 min

play_arrow
Heroesch Téin am Concertssall | © Marco Borggreve

Heroesch Téin am Concertssall

Fir déi zwee Komponiste waren et Befreiungsschléi: dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto an dem Schumann seng 2. Symphonie.
play_disabled
3 x Pianostrio, 3 x anescht | © Pixabay

3 x Pianostrio, 3 x anescht

E Programm am Zeeche vum Pianostrio: mee net nëmme bekannten Nimm wéi Beethoven oder Mendelssohn stinn op der Affiche.
play_disabled
Music and Wine | © Ben Kerckx

Music and Wine

Bordeaux, Côtes d’Auvergne oder Manzanilla?
play_disabled