Et ass am Festsall vum Stater Biergerkasino, wou een den 19. Juli 1886 de Franz Liszt eng leschte Kéier als Solist bei engem ëffentleche Concert gesäit. Am Alter vu 74 Joer ass de Franz Liszt fir ee Besuch bei sengem Kolleeg, dem Moler Mihaly Munkacsy am Schlass zu Kolpech agelueden. D'Lux Zeitung schreift deemools an engem Artikel vum 6. Juli. "Alt und Jung strömte um 3 Uhr gestern Nachmittag dem Bahnhofe zu, um der angezeigten Ankunft des grössten der lebenden Pianisten, Maestro Franz v. Liszt, anzuwohnen.
Mee de Franz Liszt ass bei senger Visitt awer gesondheetlech scho schwaach. Am Wort vum 7. Juli heescht et: "Der große Künstler, der die ganze Welt in Erstaunen setzte, den Könige und Kaiser hochehrten, ja fast anbeteten, ist nun alt und schwach geworden und bedarf sogar der Stütze, um sich von einer Stelle zur anderen zu bewegen. Sein Haupt ist gebeugt, das lange Haupthaar ist schneeweiß, doch sind seine Augen noch klar, seine Stimme noch kräftig und macht er im Ganzen den erfreulichen Eindruck, eines sonst recht gesundes Mannes, der, wir hoffen es, noch manche Jahre der Kunst und ihren Verehrern wird erhalten bleiben.”
Ee Saz, dee leider keng Friichten dréit. Nodeems de Franz Liszt säi leschte Concert am Biergerkasino an der Stad spillt, wou dräi kleng an net genee dokumentéiert Wierker um Programm stinn, mécht de Liszt sech op de Wee an d'Villa Fröhlig vun de Bayreuther Festspiller, wou sech säi Gesondheetszoustand massiv a séier verschlechtert. De grousse Pianist stierft 12 Deeg nom Concert zu Lëtzebuerg op engem 31. Juli 1886 am Alter vu 74 Joer.