De "Salon de Helen Buchholtz" setzt zënter 2022 d'Kammermusek vu Komponistinnen an de Mëttelpunkt. Well 2027 den 150. Gebuertsdag vun der Helen Buchholtz ass, ass fir dëst Joer eng méi intim Editioun vum Salon geplangt. Zwee Concerten, de 14. a 15. November, déi als Interlude ze verstoe sinn. An de Mëttelpunkt gëtt nämlech eng aner Komponistin mat engem ronne Gebuertsdag gesat: d'Rebecca Clarke. Si gouf 2026 viru genee 140 Joer gebuer, an zwar um 27. August.
De 15. November um 5 Auer ass also e Concert mat Musek vun der englescher Komponistin am Bridderhaus. Am Opus-Interview verréit d'Sopranistin Gerlinde Sämann, wat de Public dee Sonnden erwaart.