De Pierre Kremer ass e Lëtzebuerger Komponist an Trompettist. Hien huet sech fir seng nei Kompositioun "Red Rocks" vum Giele Botter inspiréiere gelooss - engem alen Äerzofbaugebitt aus dem Minett, wat sech duerch d'Joren immens verännert huet.
Den 18. Oktober gëtt "Red Rocks" am Kader vun de Journées européennes du patrimoine uropgefouert, an zwar zu Diddeleng an der Galerie39 an zu Uewermaartel am Musée de l’Ardoise - Plazen, déi selwer mat eiser Industrie- a Kulturgeschicht verbonne sinn. Et gëtt gespillt vum Lëtzebuerger Sträichensembel Estro Armonico an 3 Solisten, ënner der Leedung vum Philippe Noesen. De Pierre Kremer zielt eis méi iwwer d'Entsteeung an d'Bedeitung vu sengem Stéck.