Joer fir Joer kommen aus 27 verschiddenen Natioune Museker:innen zesummen, fir ee Joer laang eng Ausbildung ze genéissen an op Tournée ze goen. Dat zesumme mam European Union Youth Orchestra.
Am Conseil d’administration vum EUYO ass och de Joé Haas, Responsabele beim Lëtzebuerger Kulturministère fir d’kënschtleresch Fërderung.
All Joers mellen sech bis zu 5.000 Musekerinnen a Museker fir eng 100 ausgeschriwwe Plazen am Orchester. Och zu Lëtzebuerg gëtt et dëst Joer nees eng Auditioun, wou een säin Talent ënner Beweis stellen an eng méiglech Plaz am beléiften Orchester ergattere kann. Umelle kann een sech bis den 30. Oktober 2026 (Deadline) am d'Auditioun ass den 20. November 2026 am Conservatoire du Nord.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann geet hien op d'Offer an d'Méiglechkeete vum EUYO an.