De Summer ass fir vill jonk Museker:innen, déi eng professionell Karriär ustriewen, déi Zäit wou een op Festivallen an op Masterclassen d’Méiglechkeet huet sech ze presentéieren a vill bäizeléieren. Déi weltwäit bekannte Star-Cellistin Sol Gabetta bitt op hirem eegene Festival an der Schwäiz jonken Cellisten genee esou eng Opportunitéit. Dëst Joer war och e Lëtzebuerger ënner de 6 auserwielten Cellisten: de Matis Griso (20).
D’Iddi fir sech fir d’Masterclass mam Ivan Monighetti op der Sol Gabetta hirem Solsberg Festival ze melle koum dem Matis Griso duerch Social Media.