Hues du schonn eng Kéier e Klaviziterium héieren?
Den 3. bis de 5. Juli ass déi 8. Editioun vum Festival alter Musik zu Veianen. Am Schlass an an der Trinitarierkierch ass e variéierte Programm ze erliewen, mat Musek aus dem Barock, der Renaissance, an dem Mëttelalter. Dobäi kommen och eng Rei historesch Instrumenter zum Asaz, vu Buisine bis Klaviziterium. Musek an Instrumenter also, déi bei d’Kuliss passen.
De Rosch Mirkes, Initiateur vum Festival, erzielt wéi d’Iddi fir de Festival entstanen ass, wéi e sech am Laf vun der Zäit entwéckelt huet, a wat de Public dëst Joer erwaart.