Mat iwwer 300.000 Visiteuren an 20.000 Museker:innen ass de World Music Contest zu Kerkrade an Holland dat gréissten Event a senger Form. Dëst Joer si mat der Fanfare Bouneweg an der Harmonie vu Monnerech direkt zwou Museken aus Lëtzebuerg mat dobäi.
Am Kontext vun de Preparatiounen op dës exceptionell Méiglechkeet huet den Opus d'Bouneweger Fanfare als éischt besicht. Fir d'Fanfare aus dem Zentrum vum Land ass et déi mëttlerweil véiert Participatioun zu Kerkrade.
Am Gepäck: ronn 60 Museker:innen aus den eegene Reien, tëschent 13 a 70 Joer al.
De Lex Kauffmann mat engem Reportage