100 Prozent Tschaikowski: Mat engem Programm ronderëm de russesche Komponist feiert den Amateurorchester vun der Philharmonie - den Orchestre Place de l'Europe - den Ofschloss vu senger fënnefter Saison. E Sonndeg (28. Juni) interpretéieren d'Museker:innen dem Tschaikowski seng fënneft Sinfonie, d'Ouverture zu Roméo et Juliette an d'Rococo-Variatiounen.
Vun Ufank u mat dobäi ass de Benjamin Schäfer, de Chefdirigent vum Ensembel. Am Opus-Interview gëtt hien en Abléck doran, wéi et zu deem Programm koum an hie werft e Bléck zeréck op déi éischt fënnef Joer vum Orchester.