De Pierre Nimax Senior huet 1980 de Musical “Hopp Marjänn” komponéiert. Elo gëtt dat Wierk nach eemol nei opgeféiert am Mierscher Theater, den 12. a 14. Dezember. D’Regie iwwerhëlt den Direkter vum Haus, de Claude Mangen. Et ass een zeenesche Concert, bei deem d’Musek vum Pierre Nimax Senior am Vierdergrond steet. Aktuell gëtt et an der Nationalbibliothéik och eng Ausstellung iwwer hien, an an deem Kader koum och d’Iddi fir dës Opféierung.
De Claude Mangen verréit, wien alles op der Bün steet, fir wéi ee Public et geduecht ass, a wat him besonnesch gefält un der ganzer Produktioun.