Nei Musek vum Francesco Tristano! De Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano huet rezent 7 Toccate vum Bach opgeholl.
Bis haut verbënnt de Pianist eng grouss Léift zum Bach senger Musek. Dës Passioun huet iwweregens scho mat 7 Joer ugefaangen. Do huet de Francesco Tristano zu senger Pianosproff Beatrice Rauchs gesot, datt hien nëmme Bach a seng eege Musek wéilt spillen.