Den 02. November ass erëm den traditionellen Allerséileconcert vum Méchelschouer. Mee zwou Besonneschkeeten stinn awer dëst Joer mat um Programm. Engersäits feiert de Méchelschouer säin 175ten Anniversaire, an anerersäits ass et d’Nouvelle dass de Gerry Welter no 65 Joer den Dirigéierstaf wäert op d’Säit leeën , a soumat wäert dësen Allerséileconcert säin zweet läschte Concert als Dirigent vum Méchelchouer sinn.
Mir hunn eis mat him iwwert de Programm ënnerhalen, ob deem nieft Schumann a Bach och eege Kompositioune stinn, an doriwwer wéi een d'Leit hautdesdaags nach motivéiert kritt fir mat Begeeschterung an e Kierchechouer sangen ze goen.