"De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan", dat ass Motto vum Projet "Kapoutty" mam Georges Urwald a Serge Tonnar. An dee passt och gutt bei d'Philosophie. Bei hinne kënnt nämlech alles ëtmmer op eng natierlech Manéier, oder wéi si ebe soen: "gliddeg aus der Pan".
Den Duo Tonnar Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op hir eegen Art. Et si Lëttzebuerger Lidder voller Geschichte, mat deene jiddereen eppes ufänke kann.
No hirem Projet "Aus der Heemecht", mat Lidder aus dem 19. Joerhonnert, hunn si elo och hire neien Album „KAPOUTTY“ finaliséiert. Deen hu si zu Amsterdam opgeholl, a wéi den Titel scho verréit sinn do nei Interpretatioune vu Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, drop. Mat Klassiker wéi „Déi Schnëss“ oder „De schéine Poli“ an och manner bekannte Lidder. Déi Lidder presentéiere si aktuell och op hiren diverse Concerten am Stued Theater zu Gréiwemaacher.